Dir hutt de Gespréich vum 1. Juni mam Arthur Unger a mam Lis Hausemer verpasst? D'Konferenz gouf opgeholl an ass elo online disponibel!

Den Arthur Unger huet sech, säit dem Ufank vu senger kënschtlerescher Karriär an den 1960er virun allem duerch seng gestuel Encre de Chine a seng innovativ Technik vum Feier op Koffer hei zu Lëtzebuerg an am Ausland en Numm gemaach. Am Kader vun engem Gespréich, kuckt de sougenannte „Peintre de la matière“ zesumme mat der Curatrice vun der Ausstellung op Schlësselmomenter a senger laangjäreger Karriär vun iwwert 50 Joer zeréck a gëtt e ganz perséinlechen Abléck a säi kontrasträichen Univers vum Feier a vum Waasser.