Den Nationalmusée sicht nei Freelance Guide-Mediateure fir seng Schoulatelieren ze encadréieren.

Den Nationalmusée bitt all Joer ronn 8.000 Kanner eng Entdeckungsrees duerch Konscht a Kultur a mir brauchen deng Ënnerstëtzung:

  • Du bass kreativ, dynamesch a Muséeë sinn deng Welt?
  • Du bass interesséiert un Archeologie, Konscht, Konschthandwierk a Konschtgeschicht an/oder hues deng Studien an deenen Domainer gemaach?
  • Du schwätz Lëtzebuergesch a wëlls aktiv Wësse weidervermëttelen?
  • Du hues pädagogesch Erfarung a kanns gutt mat Kanner vun all Alter ëmgoen?

Da schéck eis elo deng Kandidatur mat CV eran: email hidden; JavaScript is required