Déi ënnert Iech, déi virun den 90er Jore gebuer sinn, hunn Diskette villäicht nach selwer benotzt, am Lycée, op der Aarbecht oder doheem.

Fir déi, déi se net (méi) kennen: Diskette waren déi méi grouss, quadratesch a platt Virfuere vum USB-Stick – mat vill manner Späicherplaz, dofir awer däitlech méi Charme. Hautdesdaags lieft si nach als Späicher- Symbol a ville Programmer weider. 

Fir kënnen ze evaluéieren, ob eenzel Dateien eventuell archivéiert solle ginn, hu mir den Inhalt am Detail analyséiert. Den handgeschriwwenen Etiketten no huet et sech wuel ëm Dateie vum Service Comptabilitéit aus den 1990er Jore gehandelt. Eng éischt Hürd ass d’Tatsaach, dass – bis op e puer Ausnamen – Computeren a Laptoppe scho säit iwwer 20 Joer keng Diskettelafwierker méi verbaut hunn.

Technnesch Erausfuerderungen: Liesbarkeet an Hardware 

Fir d’Dateien iwwerhaapt liesen ze kënnen, hu mir en externt USB-Diskettelafwierk benotzt. Bei villen Disketten huet dat ouni Problem geklappt, mä bei Ronn engem Drëttel dovunner huet et e puer Uleef gebraucht bis d’Diskett erkannt a gelies konnt ginn. Eng eenzeg Diskett (“Cartes Congé 1992”) ass komplett onliesbar – no iwwer 30 Joer ass dat awer net verwonnerlech. Op enger anerer Diskett ass eng Datei déi net méi kopéierbar ass. Warscheinlech ass hei en defekte Sektor d’Ursaach, also e Späicherberäich dee futti an net méi liesbar ass. 

Ursaache fir esou Defekter kënne magnéitesch Degradatioun, Fiichtegkeet, Stëbs oder mechanesche Verschläiss sinn. Dofir ass et wichteg, al Datenträger sou fréi wéi méiglech op méi modern an zouverlässeg Systemer ze transferéieren. 

Softwarekompatibiltéit mat alen Dateformater  

Nieft der technescher Hürd den Inhalt vun den Diskette liesen an op en anere Medium ze kopéiere gëtt et wéinst dem Alter och nach de Probleem, dass verschidden Dateformater haut einfach net méi a Gebrauch sinn. Vill vun den Dateien hunn d’Endung .DOC oder .DOT, déi och haut nach vu Microsoft Word gelies kënne ginn – dank der héijer Réckwärtskompatibilitéit. D’Formatéierungen, ënnerschiddlech Schrëftgréissten a souguer Tabelle ginn nach erstaunlech korrekt ugewisen. 

Och Excel-Dateie vun deemools kritt een Dank héijer Réckwärtskompatibilitéit ouni Problemer am Joer 2025 nach gelies. Bis 1993 gouf am Haus d’Tabellekalkulatiounssoftware Lotus 1-2-3 gebraucht. Dës Dateformater (.WK1 a .WK2) konnten anscheinend nach mat Excel 2003 gelies ginn, mä zënter der Versioun 2007 ginn se net méi vun Excel ënnerstëtzt. Glécklecherweis sinn déi zwou fräi zougänglech Softwareléisungen OpenOffice a LibreOffice aktuell nach mat den ale Lotus 1-2-3 Formater kompatibel, sou dass mir och dës Dateie rette konnten. 

De Musée huet laang mat der Datebank-Software FileMaker geschafft, a si gëtt och 2025 nach heiansdo benotzt fir an der éischter digitaler Versioun vun eiser Fotodatebank ze sichen. E puer vun den Disketten enthalen e puer vun dëse FileMaker-Datebanken, mat Lëschte vu fréieren Employéeën. D’FileMaker- Format .FM ass awer proprietär a léisst sech just mat der FileMaker Software liesen, wat e gewësse Risiko mat sech bréngt. Dofir versiche mir ëmmer méi op Open-Source Léisungen ze setzen, fir eng dauerhaft Zougänglechkeet a Kompatibilitéit sécherzestellen.

Kryptesch Dateinimm an zwou Iwwerraschungen 

Dräi vun den Diskette ware voll mat Dateien ouni Endung a mat krypteschen Nimm. Mat Hëllef vu spezieller Software, déi net nëmmen d’Dateiendung kuckt, mä de kompletten Inhalt analyséiert an da mat enger Datebank vergläicht, konnte mir erausfannen, dass et sech wuel ëm WordPerfect-Dokumenter handelt. Aktuell Versioune vu Microsoft Word a LibreOffice kënnen dës Dateien nach liesen, och wann d’Formatéierung net méi ganz genee déi selwecht wéi beim Entworf virun iwwer 30 Joer ass. Et goufen ausserdeem nach weider Zorte vun Dateien (.DBF, .NDX, .OVL) fonnt, déi zu groussem Deel héchstwarscheinlech zu aler Software op den Diskette gehéieren, deenen hir genee Funktioun sech awer just mat gréisserem informateschem Opwand rekonstruéiere léisst. 

Witzegerweis hu mir an engem vun den alleréischten Dokumenter déi mir kontrolléiert hunn, en Numm fonnt, dee säit Ufank 2025 ganz oft bei eis am Musée Kierzlech hu mir beim Raumen an eise Büroen 21 Disketten erëmfonnt. N°III 2025 MuseoMag 21 ARCHIV optaucht – an zwar dee vun eiser neier Direktesch. Et handelt sech ëm en Dokument aus dem Oktober 1997, enger Zäit an där d’Madamm Brugnoni schonn eemol fir de Musée täteg war. Dëst war also eng schéin an interessant Verbindung tëscht Vergaangenheet a Géigewaart. Iwwerrascht ware mir och wou sech beim Kopéiere vun enger Datei op eemol eise Virescanner gemellt huet. Eng Datei mam Numm HPTRIGF. COM gouf als potenzielle Virus (Cascade.1701.p) identifizéiert. Mir ginn dovunner aus, dass et sech heibäi ëm e Falschalarm handelt, mä och wann et wierklech e richtege Virus aus den 90er sollt sinn, kéint deen haut wuel kee Schued méi op engem moderne Windows 10 oder 11 System uriichten. 

Wat geschitt elo mat dësen Dateien? 

Et ass einfach unzehuelen, dass mir als Musée d’Missioun hunn sou vill wéi méiglech un Informatiounen an Dokumenter fir zukünfteg Generatiounen ze erhalen. Glécklecherweis ass dat net de Fall, an am “Plan de tri” – deen all Administratioun vum Staat ze erstellen huet – ass ganz kloer festgehal, wat archivéiert gëtt a wat no enger bestëmmter Zäit geläscht oder zerstéiert gëtt. Dëse Plang ass ëffentlech a kann um Site vum Nationalarchiv erofgeluede ginn. Sou ginn zum Beispill Rechnunge vun Objeten aus eiser Sammlung oder Dokumenter mat direktem Lien zu eisen Ausstellungen archivéiert, wärend administrativ Date wéi Aarbechtsstonnen oder Paien no enger bestëmmter Zäit geläscht ginn. Et war wichteg d’Daten op den Disketten ze analyséieren – och wann am Fall vun dësen 21 Disketten näischt dovunner muss archivéiert ginn. 

D’Erausfuerderunge vum digitale Laangzäitarchivage  

Eise Fall mat den Disketten aus den 90er Joren ass keng Ausnam, a weist op e méi grousse Problem hin: Digital Dateie sinn net automatesch sécher. Physesch Medie wéi Disketten, CDen oder modern Festplacken hunn eng limitéiert Liewensdauer. An och wann dëse physesche Medium nach intakt ass, bleift een ëmmer nach ofhängeg vum passenden Apparat an techneschen Ëmfeld, deen dee Medium liese kann. Zousätzlech gëtt et och nach d’Problematik vun den Dateiformater selwer. Vereenzelt Dateien aus de fréie 90er Jore sinn haut just nach mat spezieller Software notzbar. D‘Software existéiert net méi, gëtt net méi weiderentwéckelt, leeft nëmmen nach op ale Betribssystemer, déi net méi sécher sinn, oder ass wéinst Lizenzproblemer onzougänglech ginn. Sou ginn d’Donnéeë net nëmmen duerch e physesche Verfall, mee och duerch technologesch Obsoleszenz bedreet. Et besteet also eng gewësse Gefor an der Iwwerzeegung, dass Digitaliséierung u sech eng Sécherheet géif bidden. Tatsächlech verlaangt den digitalen Archivage permanent Upassungen: Migratioun op nei Formater, Redundanz duerch Kopien op verschidde Plazen, an eng kloer Dokumentatioun vun der Dateistruktur, de Metadaten an dem Softwareëmfeld. An de kommende Jore wäerte mir dës Erausfuerderunge systematesch ugoen – fir dass net nëmmen eis wäertvoll Objeten a Pabeierdokumenter dauerhaft erhale bleiwen, mee och déi vill digital Donnéeën, déi haut schonn existéieren, an där an Zukunft nach vill méi entstoe wäerten. 

Text: Marc Kaysen - Fotos: Éric Chenal