Eng Kënschtlerin déi eis Raim nei opmécht

De Lëtzebuerger Konschtpräis gëtt säit 2022 all zwee Joer vum Kulturministère verginn. En éiert eng Kënschtlerin oder e Kënschtler fir dat gesamtheetlecht Schafen, d’kënschtleresch Carrière an de laangfristegen Asaz fir d’Konschtlandschaft am Groussherzogtum. Ugangs des Joers huet de Kulturministère d’Gewënnerin fir 2026 annoncéiert: de Präis geet un d’Simone Decker (gebuer 1968). Zanter iwwer dräi Joerzéngten huet si net just déi Lëtzebuerger, mee och déi international Konschtzeen matgepräägt. Mat hiren Installatiounen a Fotografien erneiert si eis Siicht op dat, wat eis dauerhaft ëmgëtt. Hir Aarbechte maachen aus dem Alldeeglechen eng nei Erfarung fir eise Geescht a fir eis Sënner.

Simone Decker, Chewing in Venice 2: Chewing gum Forno, 1999, photography. Mudam Luxembourg.

Simone Decker, Chewing in Venice 2: Chewing gum Forno, 1999, photography. Mudam Luxembourg.
© ADAGP / Simone Decker

D’Stad gëtt zum Atelier, den ëffentleche Raum zu hirer Leinwand 

Et kéint ee soen, datt den ëffentleche Raum der Simone Decker hir Leinwand an d’Stad hiren Atelier ass. Zanter den 1990er Joren entwéckelt si Konschtwierker, déi sech direkt mat Architektur, der Stadlandschaft an de soziale Strukture vun enger Plaz auserneesetzen. Hir Interventioune sinn humorvoll, poetesch, zum Deel och irritéierend, a bréngen eis dozou, dat eis ewell Bekannte mat neien Aen ze gesinn. D’Curatrice Sophie Legrandjacques beschreift der Decker hir Approche als eng, déi d’Uerdnung op d’Kopp stellt – si spillt mat Skala-Wiessel, ongewéinleche Materialer an opteschen Iwwerraschungen. 

Ech géing behaapten, datt si zu deenen éischte Lëtzebuerger Kënschtlerinne gehéiert, déi den ëffentleche Raum als eegestännege kënschtleresche Laboratoire notzen. Si féiert domat eng Traditioun weider, déi och vum Bert Theis (1952-2016) staark markéiert gouf, an entwéckelt se gläichzäiteg an eng experimentell Richtung weider.

D’Simone Decker bei hirer Installatioun Épinglage an der Ausstellung Rendez-vous provoqué, 1994 am Nationalmusée.

D’Simone Decker bei hirer Installatioun Épinglage an der Ausstellung Rendez-vous provoqué, 1994 am Nationalmusée.
© MNAHA an ADAGP / Simone Decker

International Denktraditiounen – an eng eegen Handschrëft

D’Simone Decker steet mat hirem Denken an engem Dialog mat grousse Figuren aus der internationaler zäitgenëssescher Skulptur. Zum Beispill huet den amerikanesch-japaneschen Kënschtler Isamu Noguchi (1904-1988) Skulptur als e Mëttel verstanen, fir dem Raum e Sënn zouzeschreiwen, en (nei) ze definéieren – eng Iddi, déi sech och am Simone Decker hiren Installatiounen erëmfënnt. De brittesch-indesche Sculpteur Anish Kapoor (gebuer 1954) huet d’Begrëfflechkeet vun der Skala nei definéiert: Skala ass net nëmme Gréisst, mee weider och eng emotional a kierperlech Erfarung vun engem Raum.

De Lëtzebuerger Konschthistoriker a Kurator Enrico Lunghi behaapt, datt der Simone Decker hier Wierker vu staarke Kontraster gedroe sinn; si befanne sech tëscht Form a Konzept, tëscht Plaz an Interventioun. Hir Aarbechte sinn net nëmme Konschtobjeten, mee Situatiounen, déi sech virun allem duerch d’Beweegung an d’Erfarung vun eis, de Betruechterinnen a Betruechter, vollstänneg erschléissen.

Markant Etappen an enger konsequenter Carrière 

Eng Aarbecht déi dacks zitéiert gëtt, huet d’Simone Decker schonn 1996 bei enger vun hiren éischten Eenzelausstellunge realiséiert. An der Galerie Beaumont huet si hir Installatioun Untermieter geschaaft andeems si de Galerieraum mat rosaem Latex ausgekleet huet, fir doraus eng Ofdrockform ze schafen, déi als Ganzt kann zesummegefaalt, transportéiert an an engem anere Raum erëm opgeriicht ginn. 

Eng weider Schlësselaarbecht, déi haut als ee vun de wichtege Momenter an der Lëtzebuerger Konscht vun där Zäit gëllt, ass Chewing and Folding in Venice. Dës zwou fotografesch Serien huet d’Simone Decker fir hir Participatioun op der Biennale vu Venedeg 1999 geschaaft an do gewisen. Dofir huet si kleng Knätschskulpture geformt a sou fotograféiert, datt se wierken, wéi wann si e ganze Beräich an der venetescher Haaptstad géingen anhuelen a souguer de Passage géinge blockéieren. Mat Humor an Iwwerdreiwung, Konzept an techneschem Kënnen huet virun allem dës Aarbecht hir eng Plaz an der internationaler Konschtkritik geséchert. 15 vun de Fotografien sou wéi Untermieter befanne sech haut an der Sammlung vum MUDAM. 

Nieft hirer kënschtlerescher Praxis huet si och akademesch Spueren hannerlooss: Tëscht 2008 an 2015 huet si un der Akademie der Bildenden Künste zu Nürnberg enseignéiert an zwee postgradual Coursë geleet – Art et espace public a Conceptions artistiques. Doduerch huet si och eng nei Generatioun vu Kënschtlerinnen a Kënschtler matgepräägt. Och haut huet si mat hirer Aarbecht als Responsabel vun den Arts visuels beim Lëtzebuerger Arts Council Kultur: lx eng wichteg Roll an der Ënnerstëtzung vun der Konschtzeen.

Same Same but Different 

Wat d’Aarbecht vum Simone Decker esou aussergewéinlech mécht, ass hir Fäegkeet, eis Erwaardungen a Perceptioun vum Trivialen, Iwwersinnenen an Alldag ze kippen. Hir Installatioune sinn dacks vergänglech, mee si hannerloossen eng dauerhaft Spuer: Si maachen eis nämlech opmierksam op dat, wat mir soss iwwersinn oder invitéieren eis, eist Ëmfeld, eng Stad, e Gebai oder de Raum ronderëm eis nei ze liesen. 

D’international Kritik gesäit an hirer Konscht eng Verbindung vu lokaler Verwuerzelung an enger Ausstralung, déi eng universell Dimensioun unhëlt. D’Artistin stellt Froen iwwer d’Roll vun der Konscht am ëffentleche Raum, iwwer Erënnerung, gesellschaftlech Dynamiken a mécht dat op eng Manéier, déi gläichzäiteg subtil an direkt ass. 

Mam Lëtzebuerger Konschtpräis 2026 gëtt net nëmmen eng aussergewéinlech Carrière geéiert, mee och eng Haltung: d’Iwwerzeegung, datt Konscht eis Welt zu engem Deel verännere kann, andeems si eis dozou bréngt, se nei ze gesinn. Ab dem 13. November 2026 kënnt Dir am sougenannte „Showroom“ am Nationalmusée um Fëschmaart en Abléck an der Simone Decker hirt Schafe kréien. 

Text: Jamie Armstrong (Lëtzebuerger Konschtarchiv) – Biller: MNAHA an ADAGP/Simone Decker

Source: MuseoMag N° III – 2026