Passer directement au contenu
Conférence

Den Arthur Unger huet sech säit dem Ufank vu senger kënschtlerescher Karriär an de 1960er virun allem duerch seng gestuel Encre Chine a seng innovativ Technik vum Feier op Koffer hei zu Lëtzebuerg an am Ausland en Numm gemaach. Am Kader vun engem Gespréich kuckt de sougenannte „Peintre de la matière“ zesumme mat der Curatrice vun der Ausstellung The Alchemist – Selected works by Arthur Unger op Schlësselmomenter a senger laangjäreg Karriär vun iwwert 50 Joer zréck a gëtt e ganz perséinlechen Abléck a säi kontrasträichen Univers vum Feier a vum Waasser.

Exposition: L’Alchimiste - Sélection d'œuvres d'Arthur Unger, du 28 avril au 15 octobre 2023